Dinant (original) (raw)

Dinant
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Namouer
Arrondissement Dinant
Awunner 13.544 (1. Januar 2018)
Fläch 9 980
Koordinaten 50° 15’ 31’’ N 04° 54’ 43’’ O
Telefonszon 082
Postcode 5500
Websäit http://www.dinant.be

Dinant ass eng belsch Stad a Gemeng an der Wallounescher Regioun, an der Provënz Namouer.

Dinant läit um rietsen Uwänner vun der Meuse, eng 16 km nërdlech vun der franséischer Grenz a 24 km südlech vun Namouer. 2002 hat Dinant 12 763 Awunner. Wénst senger Lag am Meuse-Dall, a verschiddene Grotten an der Ëmgéigend, ass Dinant eng beléift Touristendestinatioun.

Anhée, Anseremme, Bouvignes-sur-Meuse, Dinant, Dréhance, Falmagne, Falmignoul, Foy-Notre-Dame, Furfooz, Lisogne, Sorinnes an Thynes an d'Quartiere vu Les Rivages, Leffe an Neffe.

Dinant war eng vun den 23 Bonnes villes vum Fürstentum Léck.

Am Éischte Weltkrich goufe beim Duerchmarsch vun der däitscher Arméi 674 Männer, Fraen a Kanner erschoss, a ganz Quartiere vun der Stad néiergebrannt, fir "Franc-tireurs" ze bestrofen, déi do solle gewiescht sinn.

Schonn 1466 gouf d'Stad vum Grof vu Flandern, Herzog vum Brabant, dem Limburg an der Bourgogne geplëmmt an zestéiert, well Leit vun do e sollte vernannt gehat hunn. 800 Leit goufen an der Meuse erdronk.

De Rocher Bayard vun Anseremme aus gekuckt.