Kaffi (original) (raw)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gedrénks Kaffi. Fir d'Molzecht, kuckt wgl. Kaffi (Molzecht).

Catucaí-Kaffisbam

Réi Kaffisbounen

Hell geréischtert Kaffisbounen

Eng Taass Kaffi

Kaffi ass en donkelbrongt Gedrénks, dat meeschtens waarm gedronk gëtt, an dat aus geschielten, geréischterten a gemuelene Somkäre vun der Kaffisplanz, Kaffisboune genannt, gemaach gëtt, andeems d'Polver a Kontakt mat gliddegem Waasser bruecht gëtt, a sech sou d'aromatesch Ueleger an aner Substanzen am Waasser opléisen. Am Kaffi ass Koffein dran. Déi zwou wichtegst Aarte vun der Kaffisplanz (Rubiaceae) si Coffea arabica (Arabica-Kaffi) a Coffea canephora (Robusta) mat sëllegen Zorten/Varietéiten.

Kaffi kënnt ursprénglech aus Ethiopien. Am 16. Joerhonnert gouf de Kaffi och an Europa bekannt, fir d'éischt an Italien an a Frankräich. Vum 17. Joerhonnert un hu sech Caféen doruechter verbreet. Zanterhier gouf en och extra fir den europäesche Maart ugebaut. D'Hollänner haten, duerch d'Produktioun an hirer Kolonie Java, d'Nues vir beim Handel. Geschwënn duerno hunn och d'Fransousen an d'Portugisen an hire Kolonien (Cayenne, Martinique, Guadeloupe, respektiv Brasilien) Kaffi ubaue gelooss.

Am Ufank war Kaffi rar an deier. Et gouf dofir laang fir déi, déi sech de "richtege" Kaffi net leeschte konnten, Ersatzkaffi, deen aus Malz, Schiggeri, souguer alt aus Eechele gemaach gouf.

"Kaffi drénken" gouf op ville Plaze synonym fir eng eege Molzecht, sief et Nomëttes, mat Kuch oder soss eppes Séissem, sief et, wéi zu Lëtzebuerg, fir déi éischt Molzecht am Dag.

Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kaffi (Molzecht).

Ronn 60 % vum ganze Kaffi, deen op der Welt produzéiert gëtt, ass Arabica-Kaffi. Dës Zort huet nëmmen hallef sou vill Koffein wéi Robusta, dofir awer méi Goût. Robusta huet zirka 36 % Undeel vun der Weltproduktioun. Dës Zort ass méi resistent géint Parasitten a wiisst méi séier.

Méi seele fënnt een Zorte wéi Excelsa, Stenophylla ("Highland Coffee“) oder Maragogype. Déi deierst a seelenst Zort ass den indoneesesche Kopi Luwak. Dëse gëtt aus Kaffisboune gemaach, bei deenen eng Kazenaart, Luwak genannt, fir d'éischt Kaffiskiischte gefriess an d'Kären ("Bounen") nees ausgescheet huet. Duerch d'Fermentatioun am Daarm gëtt de Goût verännert an d'Boun ass manner batter.

2007 war Brasilie mat 2,178 Mio. Tonne grénge Kaffisbounen, a ronn 28,1 Prozent vun der Weltrecolte, dee gréisste Kaffisproduzent op der Welt.

Déi zéng gréisst Kaffisproduzenten 2008

Land Kaffi [1000 Tonnen]
Brasilien 2791
Vietnam 1056
Kolumbien 689
Indonesien 683
Ethiopien 273
Mexiko 266
Indien 262
Guatemala 255
Peru 226
Honduras 218

Op de Kapp gerechent drénken d'Finnen am meeschte Kaffi op der Welt: All Finn drénkt an der Moyenne 11,4 kg am Joer, dat entsprécht zirka 1.754 Tasen (4,8 Tase pro Dag a Persoun). Dee gréisste Gesamtverbrauch als Land hunn d'USA, 2003 waren dat geschaten 1.216.477 Tonnen.

Zu Lëtzebuerg kann den Handel an d'Consommatioun vu Kaffi bis an d'18. Joerhonnert zeréckverfollegt ginn. 1816 huet de Joachim Tedesco deen éischte Café italien an der Stater Dräikinneksgaass opgemaach. Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert war et e Luxusgedrénks; eréischt dono huet e sech no an no als Alldaagsgedrénks och um Land bei den 'einfache Leit' duerchgesat an déi traditionell Muereszopp ersat, sou datt een zanterhier vu "Kaffi drénken" fir déi éischt Molzecht am Dag schwätzt. Dee gréisste Kaffisréischterer am Land ass d'Cactus-Grupp mat hirem Café Leesch, mat ronn 350 Tonnen am Joer.[1]

Jee no Kultur, regionale Gewunnechten a perséinlechem Goût gëtt et verschidde Methoden, eng Taass Kaffi ze maachen: D'gliddegt (awer net kache) Waasser gëtt dobäi entweeder iwwer de Kaffi geschott (oder drëpse gelooss), deen an engem Filter ass; oder awer d'Polver gëtt mat an d'Taass gemaach, an deem Fall muss een e bësselche waarden, bis datt et sech gesat huet, ier een de Kaffi drénke kann. Bei engem Espresso gëtt d'Waasser ënner héijem Drock (9–15 bar) duerch de renggemuelene Kaffi gepresst.

  1. Stéphanie Majerus: "De Bounekaffi." d'Lëtzebuerger Land Nr. 1, 07.01.2022, S.10-11.
  2. (lb) „Schlutchen“ - LOD. lod.lu. Gekuckt de 25.11.2025.