Won – Wiktionnaire (original) (raw)

[1] Won

Substantiv m (pl: Ween)

Aussprooch (IPA): [voːn] Aussprooch (pl): [veːn]

Bedeitungen:

  1. e Gefier mat véier Rieder dat vu Päerd oder vun engem Trakter gezunn gëtt,
  2. ëmgankssproochlech en Auto.

Iwwerbegrëffer:

  1. Gefier

Ënnerbegrëffer:

  1. Leederwon
  2. Heewon

Bsp:

[1] Mir hunn eis missen no engem neie Won ëmkucken.

[1] Bei der Kavalkad hu vill flott gerëscht Ween matgemaach.

[1] Déi zwéin accidentéiert Ween hunn d'Kräizung blockéiert.

[1] Fréier ass de Won mat de Béierfässer vu Päerd gezu ginn.

[1] Hie fiert mat véier Päerd um Won.

[1] Laf net virun de Won!

[1] Si komme mat Won a Päerd.

Ofgeleet Begrëffer:

  1. Woner
  2. Woneratelier

[1] ze kuerz fir op e Won, ze laang fir op eng Kar

[1] dat fënneft Rad um Won