DJ Serie (21): Hannert dem Mëschpult: Miss Sappho (original) (raw)
D'Mandy Boehm, och als Miss Sappho bekannt, huet iwwer déi lescht 18 Joer eng impressionnant Karriär hannert dem Mëschpult gemaach.
Zum DJen ass d'Mandy am Fong duerch pueren Zoufall komm. "Wéi ech méi jonk war, war ech éiweg um Tour mat engem Grupp Kolleegen a war ëmmer an där "Männerwelt" mat ënnerwee. Nom Rausgoe si mir dann ëmmer bei engem Kolleeg am Keller gelant an do huet da jidderee seng Musek gemaach", erënnert d'Mandy sech. "Iergendwann ass déi Musek mir sou op de Sak gaangen - et war ëmmer dat nämmlecht. An dunn hunn ech mech getraut ze froen, ob ee kann dat spillen, op wat ech Loscht hunn. Du war déi typesch Äntwert: 'Nee, da léier opleeën'."
Gesot, gemaach. Vun do aus ass et fir d'Mandy stramm biergop gaangen. E gudde Mount nodeems hatt lassgeluecht huet, war hatt och schonn op sengem éischte Flyer, deemools awer nach als "Vin-ill". En Numm, iwwer deen déi 37 Joer al DJane hautdesdaags laacht. Duerno war et laang Zäit als "Chiquita" ënnerwee, éier et sech 2012 op den DJ-Numm "Miss Sappho" festgeluecht huet.
D'Inspiratioun heivir war déi griichesch Dichterin Sappho, déi ëm 591 viru Christus zu Lesbos, am anticke Griicheland, eng Zort Schoul fir jonk Fraen opgebaut, an hinne Poesie, Musek, Gesang an Danze bäibruecht huet.
"Ech sinn een extreemst Geschicht- a Philosophie-begeeschterte Mënsch, a feministesch ënnerwee. Dat si Punkten, déi mir immens wichteg am Liewe sinn, an do ass d'Sappho de beschte Basis-Punkt gewiescht."
Am Mee 2022 huet d'Mandy am Gudde Wëllen een Event organiséiert fir den Universum vum "Miss Sappho" ze presentéieren. Dozou hunn e Logo, Promo-Video, e Réckbléck op seng Karriär an alles, wat an Zukunft nach usteet, gehéiert. An do gouf et eng Rëtsch ze zielen. Iwwer d'Joren huet d'Mandy sech mat senge Vinylen nämlech eng impressionnant Karriär opgebaut.
"E Choix war dat net wierklech. Ech hu mat Vinylen ugefaangen an dat huet a mécht mir nach ëmmer Spaass, well dat immens taktil ass. Ech kann op all Medium opleeën, ausser lo dat extreem intensivt, virprogramméiert Computer-Gedöhns. Dat géif ech warscheinlech och guer net op d'Rei kréien, fir Setten am Virfeld ze schneiden. Ech si bësse méi 'old school' an deene Saachen. Ech hunn dat léiwer, d'Placken am Grapp ze hunn an den Ament selwer ze schaffen", sou d'Mandy. "Ech muss awer soen, wann ech op enger After sinn an d'DJ-Kolleege kënnen net méi spille, oder hunn e Béierchen ze vill gedronk, dann iwwerhuelen ech awer och emol den CD-Player oder d'USB-Sticken, an dat ass dann och guer kee Problem."
E puer Meilesteng fir d'Miss Sappho waren, zum Beispill, "d'Fête de la Mirabelle" zu Metz, wou et viru ronn 8.000 Leit gespillt huet, e Gig an der Rockhal nodeems dës hir nei Soundanlag krut, Optrëtter an der Mesa Verde, dem gudde Wëllen, um E-Lake a sou weider a sou fort. Ma och am Ausland fänkt et un, virunzegoen, virun allem zu Paräis. "Ech hunn de 'french touch' immens gär a wollt ëmmer zu Paräis spillen." De 26.Mee geet deen Dram an Erfëllung. Do ass d'Mandy am "Les Bains Paris" ze gesinn.
Wien deen Ament net grad zu Paräis ënnerwee ass, d'Miss Sappho awer gären eng Kéier an Aktioun wëll erliewen, dee sollt sech den 10. Juni notéieren: Do spillt hatt an der Kulturfabrik zu Esch fir de franséische Museksproduzent Vitalic. Den 21.Juni ass d'Mandy dann erëm bei der "Fête de la musique" zu Metz ze fannen an den 22. Juni mécht hatt d'Mesa Verde am Kader vum Nationalfeierdag onsécher.
Hei fannt Dir weider Informatiounen iwwert d'Miss Sappho a seng Optrëtter.