DJ Serie (22): Hannert dem Mëschpult: HUV (original) (raw)
DJ Serie (22)
Valeria Wiwinius|Update: 22.06.2023 17:21
U sech kennt een den Nicolas Havé als Haaptmann hannert der Produktiounsboîte "HAVE Films". Zanter der Pandemie mëscht hien als HUV an der DJ-Zeen mat.
D'Zil wier et ni gewiescht, gréisser Optrëtter ze maachen, mä einfach op privaten Eventer mat Kolleege kënne fir gutt Stëmmung ze suergen. Vue dass hie sech awer gréisstendeels op House an Tech-House konzentréiert, an en plus Deel vum bekannten Ultraschall Collective ass, waren ëffentlech Optrëtter iergendwann awer eng logesch Suite.
Den Ultraschall Collective gouf 2018 lancéiert mat der Iddi, alternativ Evenementer fir Jonker z'organiséieren."Wéi eis Eventer ugefaangen hunn, méi Uklang ze fannen, hu mir séier gemierkt, dass mir och e Sprangbriet sinn, fir jonk DJen an Artisten, déi eben an deem House an Tech-House-Beräich grad ugefaangen hunn", sou den Nicolas. "No all deene Jore si mir frou, och mat deenen DJen ze schaffen, déi quasi bei eis ugefaangen hunn an ech sinn och een dovunner."
Iwwer déi lescht Joren ass de Collective zu enger richteger Institutioun hei am Land ginn a geet och iwwer d'Grenze vum Grand-Duché eraus. Sou hate si ufanks dës Joers och eng Tour organiséiert, bei där si ënner anerem Tëschestoppen zu London, Madrid a Wien haten. Bei där Rees war dann och den Nicolas Havé mat dobäi.
"Ech hunn et flott fonnt, dass et ëmmer eng aner 'crowd' ass an et géif mech schonn interesséieren, a méi verschiddene Länner ze spillen an dobäi z'entdecken, wéi d'Leit dohannen danzen a wéi si do erausginn."
Fir den Ament ass d'Opleeën einfach en Hobby fir den HUV. Ma allgemeng géif et hien och interesséieren, iergendwann selwer ze produzéieren, wann d'Zäit et erlaabt.
Wien e Samschden nach näischt geplangt huet an den HUV eng Kéier an Aktioun wëll materliewen, dee fënnt en e Samschden, den 10.Juni, an der Mesa Verde hannert dem Mëschpult. Méi Informatiounen dozou a weider Datumer fënnt een op senge soziale Medien.