DJ Serie (23): Hannert dem Mëschpult: Sureno Beatzz (original) (raw)
DJ Serie (23)
Valeria Wiwinius|Update: 22.06.2023 17:29
An der Serie geet et weider mat engem klengen Ausfluch an den Afro-House-Genre, dat mam Luca Ender Frings, och Sureno Beatzz genannt.
Seng Faszinatioun fir d'Mëschpult huet de Luca schonn als Kand entdeckt. "Mat 10 Joer hunn ech ugefaangen, mech fir d'DJen z'interesséieren, well mäi Papp mat Discoen ze dinn hat an ech domat a Kontakt war", erkläert hien. "Ech hunn ëmmer den DJen nogekuckt a si hu mir gehollef a Saachen erkläert."
Sou richteg lassgeluecht huet hien awer réischt no der Schoul, fir d'éischt, andeems hie Soiréeën organiséiert huet, fir déi hien natierlech och DJe gebucht huet, a spéider huet hien du selwer ugefaangen, um Mëschpult z'experimentéieren. Op säin DJ-Numm ass hien och zimmlech fréi komm.
"'Sureno' war e Spëtznumm, dee meng Kolleege mir ginn haten, wéi mir Jugendlecher waren. Spéider hunn ech den Numm einfach gehalen a 'Beatzz' dobäigesat, well et bei d'DJe gepasst huet."
Säi Stil beschreift de Luca als eng Mëschung aus Afro- an Tech-House. Dat héiert een dann och op sengen Tracks, déi hien zanter gutt 5 Joer erausbréngt an déi zimmlech vill Uklang fannen. Säi beléiftste Lidd heescht "Manda 4Deh" ass a Kollaboratioun mam Afro-House Dance Duo Milo & Fabio entstanen. Zanter senger Release ufanks 2022 gouf d'Lidd op Spotify eleng iwwer 650.000 Mol gelauschtert.
Deemnächst kënnt dann och en Album mam Titel "Dreams vs Nightmares" eraus. Méi Informatiounen dozou an Aktualitéiten iwwer de Sureno Beatzz fënnt een op senge soziale Medien.