Carte Blanche vum Gilles Hempel: 15 Joer Gestion Locative Sociale (original) (raw)
Carte Blanche vum Gilles Hempel
Gilles Hempel|Update: 18.11.2024 15:48|4 Commentaire(n)
De Logement ass nach ëmmer dee gréisste Problem hei am Land a mécht de Leit vill Suergen. Mee et ginn och Léisungen. Eng dovunner ass d’Gestion locative sociale. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel.
Dëst Joer feiere mir zu Lëtzebuerg 15 Joer Gestion Locative Sociale.
Gestion Locative Sociale? Wat ass dat?
An der Gestion Locative Sociale gi vun engem sozialen Acteur eidel Wunnengen ugelount. Déi Wunnenge ginn da Famillen zur Verfügung gestallt, déi um normale Marché keng fannen. An deene meeschte Fäll kréien déi Famillen och eng sozial Begleedung ugebueden.
De Proprietär, dee mat esou engem Acteur zesummeschafft, huet eng ganz Rëtsch Avantagen:
De Loyer ass garantéiert. Dee gëtt all Mount vum Acteur bezuelt, egal wat hannendrun geschitt.
De Loyer ass och zu 90% steierfräi.
Den Acteur, dee sech ëm d’Wunneng këmmert, mécht reegelméisseg Visitten an der Wunneng. De Service technique mécht deen néidegen Entretien an de Service social kuckt nom Locataire. Esou bleift alles an der Rei.
Wann de Proprietär seng Wunneng rëm braucht fir sech oder seng Kanner, da kritt hie se an engem raisonnabelen Delai erëm zeréck.
Am Hierscht 2009, do ass d’Success-Story vun der Gestion Locative sociale lassgaangen. Do huet d’Agence Immobilière Sociale, deen éischten Acteur, seng Dieren opgemaach. Als Projet-Pilote.
Vun Ufank un a bis haut, war den Undrang héich. So héich, dass een Acteur eleng dat net stemme konnt. No 5 Joer huet de Ministère du Logement decidéiert, de Finanzement vun der Gestion locative sociale och fir aner Acteuren opzemaachen. Haut sinn insgesamt 35 Acteuren aktiv an dem Beräich. Dat war nëmme méiglech, well vill Proprietäre matgemaach hunn. Merci fir Är Solidaritéit.
Aus engem Projet-Pilote, un deen 2009 net jiddweree gegleeft huet, ass ee Pilier vun der Lëtzebuerger Logementspolitik ginn. An aus der Start-up vun 2009 ass eng sozial Entreprise ginn, déi sech diversifizéiert huet an dobäi vill Anerer inspiréiert huet.